NewsWeltwäiten CO2-Ausstouss wäert 2018 neie Rekord erreechen

Dat geet aus enger Etüd vum internationale Fuerschungsverbond "Global Carbon Project" ervir, an deem 76 Experten aus 15 Länner vertruede sinn.

Leschten Update: 06.12.2018, 08:15:54

© AFP/GREG BAKER

De weltwäiten CO2-Ausstouss huet dëst Joer däitlech zougeholl an dierft een neie Rekordhéich erreechen. Dat geet aus enger Etüd  vum internationale Fuerschungsverbond „Global Carbon Project“ ervir. An deem Verbond si 76 Experten aus 15 Länner vertrueden.

Am Verglach mat 2017 géingen d’CO2-Emissiounen dëst Joer ëm 2,7 Prozent klammen. D’Lescht Joer war den Ausstouss ëm 1,6 Prozent an d’Luucht gaangen. Virun allem well méi Pëtrol a Gas verbrannt goufen, wieren d'Emissiounen 2018 ëm méi wéi 2 Prozent geklommen, esou heescht et.