NewsAbroch an Iwwerfall zu Mamer

Zu Mamer ass d'Police e Mëttwoch zwee Mol op d'Plaz geruff ginn. Den Abriecher hat iwwerdeems de Gaardeschlauch geholl, fir bis op de Balcon ze kommen.

Leschten Update: 06.12.2018, 14:06:24

© Eldoradio

Iwwerfall an der rue du Bärendall:
Zu Mamer ass e Mëttwoch den Owend géint 20.30 Auer e Mann iwwerfall ginn. Hie stoung dee Moment mat sengem Auto um Parking "Thillsmillen", wéi zwee onbekannt Männer seng Autosdier opgerappt an d'Affer aus dem Auto gezunn hunn. Si hunn hien doropshin op de Buedem geheit an zerklappt. D'Täter sinn dunn mam Auto vum Affer a Richtung Koplescht fortgefuer. Beim geklauten Auto handelt et sech ëm e groen Audi Q2 mat de franséische Placken EZ952AW.

Abroch an der rue de Rome:
Da gouf et e Mëttwoch den Owend géint 20.35 Auer nach e weidere Virfall zu Mamer. An der rue de Rome war en Abriecher iwwert e Gaardeschlauch op de Balcon vun engem Haus geklotert. Hei ass en du vum Awunner vum Haus iwwerrascht ginn an ass geflücht. D'Spuresécherung war op der Plaz, trotz direkter Sich konnt den Abriecher net méi fonnt ginn.