NewsMann menacéiert Fra viru Beamte mam Dout

D'Policebamte waren an der Nuecht vun den Dënschdeg op e Mëttwoch an eng Wunneng zu Réiser geruff ginn, well do eng Koppel sech ferm an d'Hoer kritt hat.

Leschten Update: 06.12.2018, 14:43:14

© Pixabay

De Mann hat ze vill gedronk an ass ëmmer méi nervös ginn. Virun den Ae vun de Beamten huet hien seng Fra elle vernannt, si mam Dout menacéiert a gesot en hätt e Messer bei sech.

Wéi d'Beamten d'Wunneng mat der Fra an dem Jong verloosse wollten huet dat de Mann esou opgereegt, dass et zu enger Ausernanersetzung mat de Beamte koum.

Nieft der Prozedur wéinst haislecher Gewalt gouf et och e Pretekoll wéinst Rebellioun géint d'Policebeamten.