
© Eldo
Nodeems de Mëttwoch jo schonn d'Regierung vereedegt gouf an den Donneschdeg déi al Ministeren de Pouvoir un déi nei Ministeren iwwerginn hunn, ass och elo d'Chamber komplett. D'#ChambreLux ass komplett. De Chamberspresident @FernandETGEN gouf och eestëmmeg vun de 60 Deputéierte gewielt. De 🎥vun der ëffentlecher Sëtzung an e puer 📸 ➡️https://t.co/5dCtaBcNEu pic.twitter.com/OCH3N4zf7s
Deemno goufen den Donneschdeg de Mëtteg 17 nei Deputéiert vereedegt. 45 waren der jo schonn den 30. Oktober vereedegt ginn. D'Sam Tanson an de Lex Delles sinn an der Tëschenzäit awer an d'Regierung gewiesselt.
Iwwerdeems huet d'Chamber och en neie President. De Fernand Etgen gouf eestëmmeg vun de 60 Deputéierte gewielt. Vizepresidente sinn de Mars Di Bartolomeo, den Henri Kox an de Claude Wiseler.