NewsVill Asätz wéinst Delikter ënner Alkoholafloss

Vill Aarbecht haten d'Policebeamten de Mëttwoch wéinst Accidenter oder Delikter, déi vu Persounen ënner Alkoholafloss begaange gi waren.

Leschten Update: 06.12.2018, 18:55:46

© Eldo

Nodeems de Mëttwoch am Nomëtteg eng Koppel aus engem Akafszentrum zu Bäreldeng bei hiren Auto wollt goen, haten d'Fra an de Mann misste feststellen, dass e Chauffer kuerz virdrun um Parking an hire Won gerannt war. Doropshi koum et zu enger gréisserer Ausernanersetzung ebe mat dësem Chauffer.

Passanten hunn der Koppel awer gehollef, deen zeréckzehale bis d'Police op der Plaz war. Hien hat ze vill gedronk, dofir gouf de Führerschäin agezunn an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.

Och soss haten d'Policebamten de Mëttwoch wéinst Persounen, déi ënner Alkoholafloss stoungen all Hänn voll ze dinn. Dat an der Stad op der Kräizung vun der Avenue de la Porte Neuve mam Boulevard Prince Henri. Hei hat de schëllege Chauffer d'Rout Luucht ignoréiert a war an e Won gerannt.

Zu Aassel konnt dunn ee Chauffer gebremst ginn, deen duerch säi Fuerstil opgefall ass. Och hien hat ze vill gedronk.

An engem Café an der Stad op der Place St. Pierre et Paul haten sech dunn d'Personal an d'Clienten iwwer e Vollert beschwéiert. Dee wollt awer net goen an ass ëmmer méi aggressiv ginn, firwat en an d'Ausniichterungszell bruecht gouf.

Dat selwecht dann an engem Café an der Rue de Bonnevoie an der Stad an an engem Bus zu Esch. De concernéierte Mann war hei scho vun de Beamten um Arrêt erwaart ginn an huet sech dunn aus Protest op d'Strooss geluecht. Och hie gouf an d'Ausniichterungszell bruecht.