NewsIwwer 700 Schüler a Frankräich virleefeg festgeholl

Frankräich kënnt net zur Rou. En Donneschdeg si Schüler op d'Strooss protestéiere gaangen. Iwwer 700 vun hinne goufe virleefeg festgeholl.

Leschten Update: 07.12.2018, 13:37:44

© AFP/Thomas SAMSON

A Frankräich si bei Protester iwwer 700 Schüler virleefeg festgeholl ginn. Dausende Schüler waren en Donneschdeg landeswäit op d’Strooss gaange fir ze protestéieren. Si sinn ënner anerem géint déi zukünfteg méi streng Auswiel-Kritären fir d’Opnam an eng Héichschoul a géint Kierzunge beim Léierpersonal.

© AFP/GERARD JULIEN


Op ville Plaze koum et zu Gewalt. A Stied wéi Marseille a Bordeaux hunn Demonstrante Poubellen an Autoen a Brand gestach an hu sech Ausernanersetzunge mat der Police geliwwert.

D'Police gëtt elo wéinst hirem Asaz no de Protester hefteg kritiséiert. Op Videoe gesäit een, wéi d'Schüler an d'Studenten um Bueden op de Knéie sëtzen an op eng Mauer hu misste kucken. Och vu verschiddene franséische Politiker heescht et, datt d'Beamte falsch reagéiert hätten.