NewsBob Jungels fir déi 1. Kéier Sportler vum Joer

Sportlergala 2018: D'Profi-Cycliste Christine Majerus a Bob Jungels goufen als Sportler vum Joer ausgezeechent. Den F91 als Ekipp vum Joer.

Leschten Update: 07.12.2018, 07:09:08

© BELGA/AFP/YORICK JANSENS

Zu Munneref war en Donneschdeg den Owend am Casino 2000 d’Awards Night vun der Sportspress, do goufen d’Sportler vum Joer ausgezeechent.

Christine Majerus, Bob Jungels an F91 Diddeleng sinn d’Sportler vum Joer.

Fir déi 4. Kéier hannereneen a fir am ganzen déi 5. Kéier dierf sech d'Profi-Cyclistin Christine Majerus iwwert dës Auszeechnung freeën. 539 Punkte krut déi 31-järeg Sportlerin. D'Cyclistin vun der Ekipp Boels-Dolmans hat 236 Punkte méi wéi d'Mandy Minella. D'Tennisspillerin krut 303 Punkten a kënnt op déi 2. Plaz.

Fir de Profi-Cyclist Bob Jungels ass et di éischte Kéier dat hie Sportler vum Joer gëtt. De Cyclist vun der Ekipp Quick-Step Floors krut 542 Punkten. Säi gréisste Succès dëst Joer war seng Victoire beim Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck. Beim Tour de France ass hien op déi 11. Plaz komm. Op déi zweete Plaz kënnt de Bob Bertemes mat 275 Stëmmen. Hie war bei der Liichtathletik-EM am Bommstoussen op déi 6. Plaz komm. Hien huet och mat 21 Meter een neien nationale Rekord opgestallt.

Den F91 Diddeleng gouf no 2012, elo fir déi zweete Kéier als Ekipp vum Joer gewielt. Den F91 huet et als éischt Lëtzebuerger Ekipp gepackt, fir an d'Gruppephas vun der Europa League ze kommen. Weider gouf den F91 Diddeleng och Lëtzebuerger Champion. Op déi 2. Plaz kënnt d'Lëtzebuerger Fussball-Nationalekipp. D'Rout Léiwe konnten an der Nations League 3 Victoire feieren.

Links