NewsAll Joers 1,35 Millioune Verkéiersdoudeger weltwäit

Weltwäit stierwen all Joers 1,35 Millioune Mënschen duerch Verkéiersaccidenter, esou d'WHO zu Genève.

Leschten Update: 07.12.2018, 11:04:12

© dpa/AFP/Julian Stratenschulte

D'Weltgesondheetsorganisatioun huet hire Bilan iwwert d'Verkéiersdoudeger weltwäit e Freideg publizéiert. Besonnesch an den äermste Länner vun der Welt ass d'Situatioun den Zuelen no dramatesch. Pro Joer stierwen deemno 1,3 Millioune Mënsche bei Accidenter am Stroosseverkéier. Dem Rapport vun der WHO no ass dës Zuel an de leschten 3 Joer ëm ronn 100.000 geklommen. De Bilan bezitt sech op Zuelen aus dem Joer 2016. De Rapport lescht Joer ass op Zuele vun 2013 zeréck gaangen, hei ass den Total op 1,2 Milliounen Doudesaffer geschat ginn.

Gutt ee Véierel vun den Affer wieren da Foussgänger oder Vëlosfuerer. Déidlech Accidenter wieren der WHO no mëttlerweil och déi heefegst Doudesursaach bei Kanner a Jonken am Alter tëscht 5 an 29 Joer. Wéi de Chef vun der Organisatioun e Freideg erkläert huet, wieren des Doudesfäll ee Präis vun der Mobilitéit, deen net ze akzeptéiere wier. E Freideg sinn dann och konkret Mesuren ugefouert ginn, wéi een dëse Problem an de Grëff kréie kéint. Hei ass de Rappell un déi eenzel Regierunge weltwäit gemaach ginn: Vitesslimitatiounen, Gurt- an Helmflicht, sécher Trëttoiren, effikass Kontrollen an eng méi streng Reglementatioun a Punkto Alkohol um Steier.

Well: Der WHO no hätte just 44 Länner effikass Gesetzer géint Alkohol um Steier. Kannersëtzer wieren nëmmen an 33 Länner Flicht. Méi wéi 100 Länner hunn dann awer eng Gurt-Flicht. A wéi enge Regiounen op der Welt geschéien dann déi meeschten déidlech Accidenter? Ganz kloer stécht hei Afrika ervir. Deemno ass de Risiko vun déidleche Virfäll an den äermste Länner weltwäit 3 Mol esou héich. Trotz dem Klamme vun dësen Zuelen huet sech de Bilan am Verglach mat der ëmmer méi héijer Unzuel u Mënschen an Autoe weltwäit an de leschte Joren awer stabiliséiert.

Lauschtert hei de komplette Reportage