NewsAutoen um Briddel an zu Koplescht geklaut

En Donneschdeg ass ënnert anerem um Briddel an der rue Paul Binsfeld e Range Rover vun der Mark Land Rover geklaut ginn.

Leschten Update: 07.12.2018, 15:36:33

© Eldoradio

Wéi d'Police matdeelt, ass en Donneschdeg tëscht 01.00 Auer an 13.00 Auer en Auto, dee virun engem Haus um Briddel an der rue Paul Binsfeld stoung, geklaut ginn. Beim geklaute Gefier handelt et sech ëm en Range Rover vun der Mark Land Rover mat der Lëtzebuergescher Plackennummer YL 4398. Den Auto ass mam sougenannte Keyless-System equipéiert.

Tëscht Mëttwoch an en Donneschdeg ass nach en Auto mat Keyless-System geklaut ginn, dat virun engem Haus an der Montée de Bridel zu Koplescht. Hei handelt et sech ëm e schwaarze BMW X6 mat der Lëtzebuergescher Plackennummer UF 4626.

D'Police warnt an deem Kader op en Neits, datt ee bei Gefierer mat Keyless-System oppasse muss:

  • d'Schlëssele sollen net an der Géigend vun der Entrée vum Haus leien,
  • d'Schlëssele sollen an e spezielle Safe geluecht ginn, dee Funksignaler ënnerbrécht,
  • fir d'Signal weider ofzeschwächen, kann een d'Schlësselen a Sëlwerpabeier wéckelen,
  • d'Autoen wa méiglech an d'Garage stellen.