NewsCNN-Redaktioun wéinst Bommemenace evakuéiert

En Donneschdeg den Owend Lokalzäit ass d'CNN-Redaktioun zu New York wéinst enger Bommemenace evakuéiert ginn. E puer Stonnen drop koum d'Entwarnung.

Leschten Update: 07.12.2018, 11:37:35

© AFP/Archiv/TIMOTHY A. CLARY

De Studio vun der Tëleeschaîne CNN ass matten an enger Live-Sendung evakuéiert ginn. Dat huet CNN selwer op hirem Internetsite matgedeelt. De Virfall ass en Donneschdeg am spéiden Owend Lokalzäit geschitt. Grond fir d'Evakuéierung war eng Bommemenace, déi via Telefon ugekënnegt gi wier.

E puer Stonnen drop huet d'Police dunn Entwarnung ginn, am ganze Gebai sinn deemno keng Sprengsätz fonnt ginn.

Eréischt am Oktober war d'CNN-Redaktioun nom Fanne vun engem Sprengsaz geraumt ginn.