News46 Camione kontrolléiert, 32 Verstéiss festgestallt

Wärend de leschten Deeg hunn d'Police an d'Ëmweltverwaltung gemeinsam 3 grenziwwerschreidend Camionskontrollen duerchgefouert.

Leschten Update: 09.12.2018, 11:56:05

© Police / Administration de l'environnement

Dat den 27. November op der Aire de Capellen Richtung Lëtzebuerg, den 4. Dezember op der Aire de Capellen Richtung Belsch an den 5. Dezember op der N31 op der Héicht vu Péiteng.

D'Kontrolle goufen am Kader vum Offall-Transport gemaach wéi och fir d'Formatioun vun der Police de la Route. Kontrolléiert goufen d'Pobeiere vun de Chaufferen an d'Autorisatioun vun de Chaufferen, déi si dem europäeschen an nationalem Recht no bei Offall-Transporter musse bei sech hunn.

46 Camionen si kontrolléiert ginn, 32 Verstéiss goufe festgehalen an och bestrooft.

Weider gëtt dann och erkläert, wisou esou Kontrolle gemaach muss sinn: All Land huet gewësse Bestëmmungen, un déi ee sech a Punkto europäescher Offall-Veruerdnung hale muss. Mat esou Inspektioune sollen deemno illegal Transporter evitéiert ginn. Weider gëtt esou och gekuckt, ob méiglech geféierlech Offäll richteg transportéiert ginn.