NewsSécherheet op N23 gëtt analyséiert

An de leschte Jore goufen et eng Rëtsch Accidenter op der N23, dorënner der och mat déidleche Suitten. Dofir soll d'Streck elo analyséiert ginn.

Leschten Update: 07.12.2018, 18:31:00

© GoogleMaps

No enger Rëtsch Accidenter op der N23 vu Räichel iwwer de Kimm a Maarteleng an der Belsch wäerten déi Responsabel Autoritéiten d'Sécherheetssituatioun op dëser Streck analyséieren. Dëst äntwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro.

Tëscht 2015 an 2017 wier et op dësen 20 Kilometer zu 12 Accidenter mat Blessure komm. 15 Persoune wieren dobäi liicht, 5 schwéier an 3 déidlech blesséiert ginn.

A 5 Fäll wier eng ze héich Vitesse Schold gewiescht. 2 mol wier Alkohol am Spill gewiescht, 4 mol wiere Ween vun der Strooss ofkomm an 2 mol wier d'Virfaart net respektéiert ginn.

Links