NewsKramp-Karrenbauer nei CDU-Cheffin

De Freideg den Owend konnt sech d'Annegret Kramp-Karrenbauer um Parteidag zu Hamburg relativ knapp géint de Friedrich Merz duerchsetzen.

Leschten Update: 09.12.2018, 06:15:07

© John MACDOUGALL / AFP

D'Annegret Kramp-Karrenbauer ass de Freideg zur neier CDU-Parteipresidentin gewielt ginn. Bis ewell war si Generalsekretärin vun der Partei, um Parteidag zu Hamburg konnt si sech dann an der Stéchwal géint de fréieren Uniounsfraktiounschef Friedrich Merz duerchsetzen.

D'Kramp-Karrenbauer krut dobäi 517 vun den 999 valabele Stëmmen, de Merz koum op 482 Stëmmen.

No 18 Joer un der Parteispëtzt war d'Bundeskanzlerin Angela Merkel jo net méi fir de Posten ugetrueden.