NewsKand zu Déifferdeng vun Auto ugestouss

E Samschdeg Owend goufen zu Déifferdeng an zu Helsem dräi Persoune vun engem Auto ugestouss, dorënner ee Kand.

Leschten Update: 09.12.2018, 10:48:40

© Police / Eldo

Wéi de CGDIS matdeelt, goufen e Samschdeg den Owend zu Helsem zwou Persoune vun engem Auto ugestouss. Allebéid goufe blesséiert.

Zu Déifferdeng gouf et och en Accident, wou e Kand vun engem Auto blesséiert ginn ass.

An der Nuecht huet d'Police op verschiddene Plazen am Land Alkohol-Kontrollen duerchgeféiert. Zu Ettelbréck hunn zwee Chauffeuren hire Führerschäin missen ofginn.

An den Uertschaften Déierbech, Uewerwampech, Nidderwampech, Schëmpech a Schleef ass an der Nuecht op e Sonndeg e puer Stonnen de Stroum ausgefall. Grond war e Kabel, dee sech kuerz virun 2 Auer zu Déierbech vun engem Mast geléist hat an op d'Strooss gefall war. Dowéinst war et zu Kuerze komm an de Stroum ass zu Déierbech an an den Nopeschdierfer ausgefall.

D'Reparaturaarbechten hunn e puer Stonne gedauert, blesséiert gouf bei deem Virfall awer keen, esou d'Police.