
De Bart de Wever vun der N-VA huet matgedeelt, datt et "kee Sënn" hätt, an der Regierung weider ze maachen.© NICOLAS MAETERLINCK / BELGA / AFP
An der Belsch gouf et um Sonndeg e Remaniement an der Regierung. Déi flämesch Nationaliste vun der N-VA sinn dogéint, datt de Premier Michel e Méindeg op d'UN-Konferenz zu Marrakesch reest. Hir Ministeren hunn d'Regierung verlooss.
De belsche Premierminister Charles Michel war e Sonndeg de Moie beim Kinnek, fir him z'annoncéieren, datt d'Regierung nei forméiert gëtt, nodeems d'Ministere vun der N-VA ugekënnegt hunn, d'Regierung ze verloossen.

Déi 3 Parteien, déi an der Majoritéit bleiwen (déi liberal wallounesch Partei, déi flämesch Liberal an d'Chrëschtdemokraten), solle sech d'Ministèren, déi bis ewell vun der N-VA besat waren, schonn opgedeelt hunn.
D'flämesch Nationaliste vun der N-VA ware strikt dogéint, datt de Michel op d'UN-Konferenz zu Marrakesch reest, bei där de Migratiounspakt soll ugeholl ginn. E Samschdeg huet de Ministerpresident Michel no enger Krisesëtzung betount, datt hien trotz dem Widderstand wäert a Marokko reesen. De Chef vun der N-VA Bart de Wever hat doropshi gesot, wa seng Partei an der Regierung "keng Stëmm" méi hätt, hätt et och "kee Sënn", weiderzemaachen.
De leschten Donneschdeg hat sech am Parlament eng breet Majoritéit fir de Migratiounspakt ausgeschwat. Den Accord soll global Linne festleeë fir eng besser Bewältegung vun der weltwäiter Migratioun. D'N-VA betount zënter Wochen, datt si géint dëse Pakt ass. Déi dräi aner Koalitiounspartner sinn awer domat averstanen.