
© AFP/Archives/Tolga AKMEN
Groussbritannien kann d'Brexit-Erklärung eesäiteg an ouni Accord vun den EU-Memberstaaten zeréckhuelen. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg e Méindeg de Moien decidéiert. Dës Decisioun kann och Auswierkungen op déi fir muer geplangten Ofstëmmung am britesche Parlament hunn.
De Geriichtshaff huet awer ënnerstrach, datt esou e Réckzuch mat der britescher Verfassung iwwertenee stëmme muss. Den Delai, d'Brexit-Erklärung zeréckzehuelen, leeft dann den 29. Mäerz 2019 aus.
Wéi ënnert anerem den däitsche FOCUS e Méindeg de Mëtteg schreift, wéilt London déi fir muer geplangten Ofstëmmung iwwert de Brexit-Deal verréckelen. Dat britescht Parlament soll jo muer den Owend iwwert d'Ofkommes ofstëmmen, eng Néierlag fir d'Regierung ënnert dem Theresa May zeechent sech awer ëmmer méi däitlech of.
Am Nomëtteg soll d'Premierministesch da matdeelen, ob d'Ofstëmmung verréckelt gëtt. Eréischt de Moien hat den Europäesche Geriichtshaff jo confirméiert, datt de Brexit vu Groussbritannien eesäiteg zeréckgezu kéint ginn.