
© AFP/Tolga AKMEN
Kuerz virum Mësstrauensvott huet d'Theresa May ugekënnegt, datt si bis 2022, also fir déi nächst Parlamentswalen a Groussbritannien, net méi fir de Posten als Cheffin vun de Konservativen untriede wäert.
D'May gëtt jo virun allem wéinst dem Brexit-Deal mat der EU vu Brexit-Hardlinere kritiséiert. Ufank der Woch hat si d'Ofstëmmung iwwert d'Ofkommes am Parlament verréckelt, well si keng Majoritéit zesummebrénge konnt. Bis den 21. Januar muss hei ofgestëmmt ginn.
En Donneschdeg hëlt Si un engem EU-Sommet zu Bréissel deel.