NewsZuch zu Ankara entgleist, op d'mannst 9 Doudeger

An der tierkescher Haaptstad Ankara ass en Donneschdeg de Moien en Zuch entgleist – aktuell ass vun Doudegen a Blesséierte riets.

Leschten Update: 13.12.2018, 11:08:49

© dpa/AFP/Archiv/Patrick Seeger

Dat huet ënnert anerem D'Noriichtenagence AFP en Donneschdeg de Moie gemellt. Di tierkesch Medie schwätze vun op d'mannst 4 Doudeger an net manner ewéi 46 Blesséierter. Den Zuch ass ënnert eng Ënnerféierung gefuer, d'Stecker dovu sollen dann op d'Waggone gefall sinn. D'Ursaach vum Accident ass nach net kommunizéiert ginn. Aktuell ass e Groussasaz vu Rettungsequippen op der Plaz.