News„Gilet Jaune“-Aktivist gouf vun engem Camion iwwerrannt

Bei enger Autobunnssortie zu Avignon gouf ee „Gilet Jaune“-Aktivist an engem Rondpoint vun engem Camion iwwerrannt.

Leschten Update: 13.12.2018, 12:09:51

© afp

Zu Avignon a Frankräich ass ee weideren Aktivist vun de "Gilets Jaunes" ëm d'Liewe komm. Den 23 Joer ale Mann gouf Aussoen vum Parquet no an der Nuecht op en Donneschdeg bei engem Rondpoint vun engem Camion iwwerrannt.  De Camion-Chauffeur, deen aus Polen koum, gouf vun der Police verhaft. Et handelt sech ëm dee 6. Doudegen zanter dem Optakt vun de Protestaktioune vun de "Gilets Jaunes" virun engem Mount.