News4. Affer no Attentat zu Stroossbuerg gestuerwen

Nom Attentat zu Stroossbuerg ass e Freideg eng 4. Persoun un hire Blessure verscheet. D'Autoritéite préiwen elo och méiglech Feeler bei den Ermëttlungen.

Leschten Update: 15.12.2018, 08:12:41

© afp

Nom Attentat op de Chrëschtmaart zu Stroossbuerg den Dënschdeg den Owend ass de Bilan vun 3 op 4 Doudesaffer geklommen. Dëse Freideg ass eng weider Persoun un hire schwéiere Blessuren verscheet, dëst deelt de Parquet zu Paräis mat. 13 Leit goufen donieft blesséiert, 5 vun hinne schwéier.

Iwwerdeems ginn d'Ermëttlungen an d'Sich no de Komplize vum Attentäter weider. Bis ewell goufe 7 Persoune festgeholl.

An Zesummenhang mat der Attack zu Stroossbuerg wëllen déi franséisch Autoritéiten elo préiwen, ob méiglech Feeler gemaach gi sinn. Wéi de franséische President Emmanuel Macron e Freideg sot, wäert ënnersicht ginn, wisou de presuméierten 29-järegen Attentäter virum Uschlag net gestoppt konnt ginn.

De Cherif Chekatt war schonn am Virfeld op enger Lëscht vu Persounen, déi eng Gefor fir déi national Sécherheet duerstellen. Den Attentäter selwer war jo den Donneschdeg den Owend bei enger Razzia erschoss ginn.