News20 Camion'en kontrolléiert, 14 Protokoller ausgestallt

14 Chauffeuren goufen bei enger Camionskontroll zu Bartreng protokolléiert

Leschten Update: 13.12.2018, 14:57:58

© eldo archiv

Zu Bartreng hunn d‘Beamten dësen Donneschdeg bei enger grouss ugeluechter Kontroll 20 Camion’en ënnert d’Lupp geholl, 14 Protokoller goufen ausgestallt, ënner anerem wéinst schlechter Sécherung vun der Charge, feelenden Autorisatiounen, oder d’net respektéieren vun de soziale Virschrëften.

Eng Camionnette war sou staark iwwerlueden, dass si net huet dierfe weider fueren. Souwuel de Chauffeur wéi d’Firma goufe protokolléiert.

© Police