News"D’Jeeër solle méiglechst vill Wëllschwäin schéissen"

D’Jeeër goufen des Saison opgeruff, méiglechst vill Wëllschwäin ze schéissen. Dat seet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

Leschten Update: 13.12.2018, 14:41:51

© afp

Och wann zu Lëtzebuerg nach kee Fall vun der afrikanescher Schwéngspescht nogewise gouf, huet eist Land preventiv Mesuren geholl, fir z’evitéieren dass e Virus sech ausbreet. Dat äntwert de Landwirtschaftsminister Romain Schneider op eng parlamentaresch Fro.  Esou wieren d’Jeeër des Saison opgeruff ginn, méiglechst vill Wëllschwäin ze schéissen.

Den Verkafspräis vun Wëllschwäinfleesch allerdéngs zanter Joren extrem niddereg a scho laang keng Motivatioun  fir Wëllschwäin ze schéissen, sou de Minister weider.

Als Regierung hätt een awer keen direkten Afloss op d’Präispolitik. Et hätt een awer ëmmer drop higewisen dass et bei der Schwéngspescht kee Risiko fir de Mënsch gëtt.