NewsBettel schwätzt sech fir 2. Brexit-Referendum aus

Besser en 2. Referendum wéi en Austrëtt – dat ass dem Xavier Bettel seng Meenung am aktuelle Brexit-Chaos.

Leschten Update: 13.12.2018, 15:30:10

© THIERRY ROGE / BELGA / AFP

Am Brexit-Chaos huet de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel elo e weidere Referendum a Groussbritannien an d'Spill bruecht. Hie géif en zweete Referendum engem Austrëtt virzéien, esou de Premier den Donneschdeg um EU-Sommet zu Bréissel.

D'Ofstëmmung fir de Brexit 2016 wier op Ligen opgebaut ginn. Et wier villäicht eng Léisung, wann d'Bierger a Groussbritannien sech nach emol ausdrécke kéinten, esou de Xavier Bettel nach.

Eng Neiverhandlung vum fäerdege Brexit-Accord huet awer och hien zeréckgewisen, et kéint ee jo net ëmmer erëm nei verhandelen. Ma et misst een déi britesch Premierministesch ënnerstëtzen, fir dass déi eng Majoritéit zu London kritt.