NewsPolice erschéisst presuméierten Attentäter vu Stroossbuerg

No 2 Deeg op der Flucht huet d'Police en Donneschdeg den Owend de presuméierten Attentäter vu Stroossbuerg erschoss.

Leschten Update: 14.12.2018, 15:18:23

© SEBASTIEN BOZON / AFP

Wéi ënnert anerem de franséischen Inneminister Christophe Castaner matgedeelt huet, ass den 29-järege Cherif Chekatt am Quartier Neudorf erschoss ginn. Schonn am Laf vum Dag war an deem Quartier e Policeasaz am gaangen, géint 21.00 Auer ass op där Plaz du fir eng zweete Kéier nom Chekatt gesicht ginn.

Wéi de Castaner weider via Twitter matgedeelt huet, hätt eng Spezialunitéit eng verdächteg Persoun lokaliséiert, op déi d'Beschreiwung vum Gesichte gepasst hätt. Wéi d'Beamte probéiert haten, hien ze stoppen, huet hien op si geschoss. Doropshin hunn d'Polizisten zeréckgeschoss an de Chekatt déidlech blesséiert.



Wéi et da vum Noriichtesender BFMTV heescht, soll den Chekatt den Donneschdeg an dësem Quartier eng Fra ugeschwat hunn. Wéi déi seng Blessure bemierkt huet, hätt se d'Police geruff. Duerch dës Fra konnt een den Täter deemno fannen.

Wéi d'Noriichtenagence AFP matgedeelt huet, ass de Chrëschtmaart haut nees ënner verstäerkte Sécherheetsmesuren op.
© Patrick HERTZOG / AFP