
© AFP/Archives/Geoffroy VAN DER HASSELT
E Samschdeg de Moie solle schonn op d'mannst 70 Persoune (Stand 12.15 Auer) am Raum Paräis bei de Protester vun de sou genannte "gilets jaunes" festgeholl gi sinn, sou mellen et verschidde franséisch Medien. Ufank der Woch hat de franséische President Emmanuel Macron ënnert anerem eng Erhéijung vum Mindestloun ugekënnegt, dat als Reaktioun op d'Protester. D'Regierung hat iwwerdeems d'Aktiviste gebieden, grad wéinst der ugespaanter Sécherheetslag de Moment d'Demonstratiounen ofzesoen.
Gilets jaunes: la situation commence à se tendre sur les Champs-Élysées pic.twitter.com/dp9b68IlKi
— BFM Paris (@BFMParis) 15. Dezember 2018
Zu Paräis sinn 8.000 Polizisten a 14 gepanzert Gefierer mobiliséiert ginn. Landeswäit sinn dann 69.000 Policeunitéiten am Asaz. Déi lescht Weekender war et schonn zu schroen Ausernanersetzung tëscht der Protestbeweegung an der Police komm.
À Marseille, les gilets jaunes toujours aussi déterminés mais moins nombreux pic.twitter.com/KYxHArqHMo
— BFMTV (@BFMTV) 15. Dezember 2018
Leschte Samschdeg goufen zu Paräis méi wéi 2.000 Persoune festgeholl. En Donneschdeg war en Aktivist vun de Gilets jaunes vun engem Camion iwwerrannt ginn.
À Paris, les gilets jaunes à genoux mains derrière la tête en soutien aux lycéens de Mantes-la-Jolie pic.twitter.com/wr8EQId1kR
— BFMTV (@BFMTV) 15. Dezember 2018