NewsFreedefeier-Verbuet a verschiddene Gemengen

Wéi schonn déi Jore virdrun hunn eng Rëtsch Gemengen decidéiert de Gebrauch vu Freedefeier a Knupperte fir Silvester net ze erlaben.

Leschten Update: 05.01.2019, 19:31:32

© Pixabay

Aus Respekt virun der Nuetsrou vun den Awunner a vun den Déiere wäert d'Gemeng Ierpeldeng un der Sauer fir Silvester keng Autorisatioun fir Freedefeier oder Knupperte ginn. Dëst deelt d'Gemeng um eegenen Internetsite mat.

Och d'Gemeng Schëffleng erënnert drun, dass de Gebrauch vu Knupperten a Rakéiten um ganzen Territoire vun der Gemeng verbuede sinn, dat eben och fir d'Silvesternuecht.

D'Gemeng Keel argumentéiert d'Verbuet iwwerdeems ënner anerem mam Knascht a mat de ville Reklamatiounen an de leschte Joren.

Weider wäerten och d'Awunner vun der Gemeng Péiteng mussen op Freedefeier verzichten. Dat selwecht gëllt fir d'Gemeng Diddeleng.

Och zu Suessem gëtt d'Freedefeier op Silvester net erlaabt. D'Gemeng huet sech awer eppes Besonnesches als Ersatz afale gelooss. Deemno sollt ee mam Fotoapparat oder mam Handy sougenannte „Light Paintings“ ausprobéieren an dës dann op Facebook oder Instagram mam #SUESSEMLIICHT deelen.

Vun der Gemeng Esch gëtt d'Verbuet donieft och mat der Sécherheet, dem Wuel vun den Déieren awer och mat ökologesche Bedenke begrënnt.

Och Steesel, Habscht a Réiden un der Attert gi keng Autorisatioun fir Freedefeier.


Vun der Gemeng Klierf heescht et dann, dass Freedefeier erlaabt ass, dat awer nëmme vum 31.12.2018 um 23.45 Auer bis den 01.01.2019 um 00.15 Auer. E fräiwëllege Verzicht op Freedefeier wier awer wëllkomm.

Op Nofro war et iwwerdeems an der Stad d’Informatioun, dass ee fir Freedefeier an der Stad prinzipiell d’Autorisatioun vum Buergermeeschter brauch. De private Gebrauch vu Knupperten a Rakéite wëllt een anescht wéi aner Gemengen net komplett verbidden. 

Vun Déifferdeng heescht et, dass Freedefeier a Knupperten erlaabt sinn, dat awer nëmmen den 31. Dezember an den 1. Januar tëscht 23.55 Auer an 0.15 Auer. 

Zu Wolz ass dat Ganzt vun 23.45 bis 00.15 Auer erlaabt.