
© AFP/Archives/EVA HAMBACH
Zu Lëtzebuerg wier d’Reserve vum Grippe-Vaccin opgebraucht. Dat schreift d’Lëtzebuerger Wort um Mëttwoch. Wéi et heescht géif een nach versiche Rescht-Bestänn aus dem noen Ausland ze kréien, mä och do wier et de Moment schwiereg. Et wier deemno schonn ufanks November zu éischten Enkpäss komm. Mëttlerweil wier de Stock opgebraucht, esou zitéiert d’Wort den Direkter vun der Santé de Jean-Claude Schmit.