NewsNei Petitiounen iwwer Toiletten, Juegten a Rettungsgaass

Um Internetsite vun der Chamber kann ee 17 nei Petitiounen ënnerschreiwen. Et geet ënner anerem ëm Juegd-Verbueter, Café-Capsulen an ëffentlech Toiletten.

Leschten Update: 20.12.2018, 08:36:22

© Eldoradio

Vun en Donneschdeg un, kann een um Internetsite vun der Chamber 17 nei Petitiounen ënnerschreiwen. Dat bis den 31. Januar.

Et geet ënner anerem ëm ee Verkafs-Stopp vu Kaffis-Kapselen am Sënn vum Ëmweltschutz. 3 Petitiounen handelen dann ëm d'Juegd. Eng wëll ee komplett Verbuet vun der Juegd am Bësch well do Leit spadséieren a blesséiert kënne ginn, eng aner wëll dat just d'Klappjuegd verbuede gëtt an eng weider wëll méi Beweegungsjuegten. Een anere Petitionnaire wëll dann een Ënnerdaach fir all Sans-Abrien an ee weidere wëll zousätzlech ëffentlech Toiletten ënner anerem op Spillplazen, Parkingen, Garen a verschidde Bus-Arrêten.

Hei den Iwwerbléck vun de Petitiounen:

  • Een Ënnerdach fir all Obdachlosen während dem Wanter ! (1132

  • Mieux protéger le consommateur contre l'obsolescence programmée (1133)

  • WC publics (1134)

  • Réforme du système électoral (1135

  • Chèques-services - Nouvelle reforme - Calcul de prise en charge en prenant en compte le loyer ou le prêt pour l'habitation principale des conjoints ou concubins et pas uniquement leurs revenus (1137

  • L'interdiction de la chasse dans les forêts du Luxembourg (1139)

  • Appelation du Nouveau Stade national (1140

  • Accès aux halls sportifs des établissements scolaires (Lycée, Ecole primaire) après les cours ordinaires pour les associations et clubs sportifs qui sont dans le besoin (1141

  • Réduction du taux d'imposition à 3 % sur tous les produits d'hygiène féminins comme tampons, serviettes et autres coupes menstruelles. Ces produits doivent être taxés comme des produits de première nécessité, car ils le sont. (1142

  • Stoppt de Migratiounspakt (1147)

  • Protection des parents contre le licenciement abusif après un congé de maternité ou un congé parental (1149

  • Interdire la commercialisation des capsules de café (1151)

  • Egalité des Dagesmammen et Structures d’Accueil de l’Etat (Crèches, Maisons Relais) au niveau de la tarification horaire (1154

  • Fir e Verbuet vun der Klappjuegd (1156

  • Zousätzleche Marquage op der Autobunn, fir d'Rettungsgaass ze signaliséiren (1157

  • Fir méi Beweegungsjuegden ! (1158

  • Pour la création d'un cadre juridique régissant l’établissement et le fonctionnement de la DLT (Distributed Ledger Technology), la blockchain, les cryptocurrencies et autres services et produits y afférents accompagné d’une campagne d’information (1120

Links