News1 Abriecher gepëtzt, 2 nach flüchteg

No engem Abroch zu Bouneweg an engem Accident um Kierchbierg en Donneschdeg den Owend, konnt aktuell 1 vun den 3 Abriecher festgeholl ginn.

Leschten Update: 21.12.2018, 13:18:58

© Eldoradio

Géint 19.45 Auer en Donneschdeg den Owend war an der Rue Tony Dutreux en Abroch gemellt ginn. 3 Täter konnte mat engem schwaarze Mercedes E220 mat belsche Placken a Richtung Belsch flüchten. Et ass doropshin op der A6 zu enger Course-Poursuite mat der Police komm, éier d'Abriecher nees a Richtung A1 gefuer sinn.

Wéi et vun der Police heescht, konnt 1 vun den 3 Abriecher mat Hëllef vun engem Spierhond no knapp 2 km lokaliséiert ginn. Den Täter kënnt um Freideg Nomëtteg firun den Untersuchungsriichter.




No der Sortie Kierchbierg koum et zu engem Accident an déi 3 Täter sinn zu Fouss geflücht. Ufanks ass um Kierchbierg no hinne gesicht ginn, mëttlerweil solle si sech an de Quartieren Neiduerf an Cents ophalen.

D'Police sicht nach ëmmer aktiv no den Abriecher. Et soll een deemno keng friem Persoune mam Auto mathuelen, all Informatioun ass fir den 113!