
© JACK GUEZ / AFP
A Groussbritannien konnten zwou Persoune festgeholl ginn, déi zanter e Mëttwoch fir Chaos um Fluchhafe vu Gatwick gesuergt hunn. Déi Verdächteg solle mat hiren Dronen onerlaabterweis iwwert de Fluchhafe geflu sinn. Doduerch koum et zu Verspéidungen an Annulatioune vu Flich.
De Fluchhafen Gatwick ass den zweet-meescht frequentéierte Fluchhafen aus ganz Groussbritannien. Virun allem elo virun der Chrëschtzäit huet den Tëschefall fir vill Onrou gesuergt. Ronn 150.000 Passagéier sollen am Ganzen dovunner betraff gewiescht sinn. Déi zwee presuméiert Täter riskéieren eng Geld- a souguer eng Prisongsstrof.