
© AFP/Archives/SAUL LOEB
De Mitch McConnel, Chef vun de Republikaner am Senat, huet confirméiert, datt de Shutdown an den USA nach op d'mannst bis den 27. Dezember dauere kéint. Gutt Méiglech kéint sech d'Budgetsspär awer och bis an dat neit Joer zéien. E Freideg ass fir eng 3. Kéier dëst Joer vun der amerikanescher Regierung de Shutdown ausgeruff ginn. Direkt Konsequenze sinn ënnert anerem, datt d'Mataarbechter vun de verschiddenen US-Administratiounen an de Congé muss goen oder Ministère kënne ganz zoubleiwen.
De "Shutdown" an den USA konnt net verhënnert ginn. Republikaner an Demokrate konnten sech net iwwert ee Budget eenegen. Virun allem a Punkto Grenzmauer zu Mexiko wieren d’Géigesätz tëscht béide Fraktiounen grouss. Den Donald Trump hat jo a sengem Wahlprogramm 2016 ugekënnegt, hie wéilt eng riseg Mauer bauen, déi laanscht déi amerikanesch-mexikanesch Grenz verlafe géing.