News2 Männer no Abroch zu Duelem geflücht

Zu Duelem an der Rue de l'école gouf e Freideg den Owend agebrach. Déi zwee Abriechter konnte flüchten.

Leschten Update: 22.12.2018, 09:23:20

© dpa/AFP Archiv/Hauke-Christian Dittrich

No engem Abroch e Freideg den Owend zu Duelem an der Rue de l'Ecole, konnten déi zwee Täter flüchten. Dat huet d'Police via Twitter matgedeelt. Wéi et weider heescht, sollen déi zwee zu Fouss a Richtung Rue de l'Eglise geflücht sinn.

Bei den Abriecher soll et sech ëm zwee Männer handelen, déi schwaarz ugedoe waren a Franséisch matenee geschwat hunn.