
© CGDIS Hesperange
Wéi et vum 112 heescht, koum et géint 2 Auer an der Nuecht zu engem Feier an engem Eefamilljenhaus.
An der rue du Château hunn d’Rettungsequippe konnten d’Feier läschen. Allerdéngs hunn sech d’Läschaarbechten duerch d’Stroosselag méi schwiereg gewisen.

Duerch de Vollbrand ass de Schued um Haus héich a net méi bewunnbar. D’Police huet eng Enquête lancéiert.
D’Grënn fir d’Ausbrieche vum Feier sinn net bekannt.