NewsPolice ermëttelt géint Police

Ze vill Alkohol, geklaute Suen an ee Blesséierten. Dat ass de Bilan vun enger Chrëscht-Feier bei der Police zu Hannover.

Leschten Update: 22.12.2018, 18:00:13

© dpa/AFP/Archiv/Friso Gentsch

Eng Chrëscht-Feier vun der Zentraler Policedirektioun zu Hannover soll den 13. Dezember komplett eskaléiert sinn. Elo  enquêtéiert d'Police am eegenen Haus. 

Wéi d’Hannoversche Allgemeine schreift, gouf eng jonk Polizistin wärend der Feier mat enger Béierfläsch um Kapp blesséiert an et gouf eng Keess mat e puer 100 Euro geklaut. 

Do dernieft huet ee Gaascht missen an de sougenannten "Schwitzkasten" geholl ginn, fir datt dëse keng Kläpperei ausléist. Och wier de Säitespigel vum DJ sengem Auto futti gemaach ginn. E weidere Gaascht soll sech widder eng Mauer vun enger Hütt erliichtert hunn an doropshin an den Dreck gefall sinn.

Ob et d'nächst Joer nach eng Chrëscht-Feier bei der concernéierter Police wäert ginn, ass ongewëss.