NewsJuncker suergt op Twitter fir Opreegung

Op Twitter ass den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker fir e Geste géigeniwwer der EU-Protokollcheffin Pernilla Sjölin negativ opgefall.

Leschten Update: 22.12.2018, 17:57:55

© NICOLAS MAETERLINCK / BELGA / AFP

Den EU Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet op Twitter fir Diskussioune gesuergt.

Bei engem Virfall virun e puer Deeg beim EU-Sommet zu Bréissel huet de Juncker fir d’Protokollcheffin vun der EU-Kommissioun ze begréissen, duerch hir Hoer gewullt. 

Déi britesch Aarbechtsministesch Amber Rudd huet dës Behuele vum Juncker kritiséiert. Enner anerem geheit si him schlëmmt Behuele géigeniwwer Frae fir.