
© TOBIAS SCHWARZ / AFP
Fir VW ass dës Joer deier ze stoe komm. Wéi de Responsabele vun de Finanzen, Frank Wittwer gesot hätt, kascht de Skandal dem Autosbauer dës Joer 5,5 Milliarden Euro.
Am kommende Joer rechent ee mat enger Zomm vun ongeféier 2 Milliarden Euro. 2020 sollt et dann nëmmen nach eng Milliard Euro sinn.
Zënter 2015 hat VW wéinst dem Dieselskandal iwwer 27 Milliarden Euro bezuelt, esou Spiegel.