NewsExperte warne viru weideren Tsunamien

E Samschdeg den Owend Lokalzäit huet en Tsunami an Indonesien vill Doudeger a Blesséierter gefuerdert. De Bilan vun den Doudesaffer beleeft sech op 429.

Leschten Update: 25.12.2018, 10:11:14

© Mohd RASFAN / AFP

D'Wahrscheinlechkeet fir weider Tsunamie bleift de Moment héich, dat mellt ënnert anerem orf.at a bezitt sech op Aussoe vun Experten. Esou laang de Vulkan, deen den 1. Tsunami leschte Samschdeg ausgeléist hat, weider aktiv wier, géif Gefor weider bestoen. Déi indonesesch Autoritéiten hunn deemno eng deementspriechend Warnung bis e Mëttwoch verlängert.

Ouni Virwarnung ass de Samschdeg den Owend en Tsunami iwwer déi indonesesch Küsteregioune vu Java a Sumatra eragebrach an d'Zuel vun den Doudesaffer klëmmt zanterhier ëmmer weider. An dass keng Warnung erausgaangen ass, dat huet e Grond.

Nach ëmmer gi Mënsche vermësst

De Méindeg de Mueren ass de Bilan vun den Affer weider geklommen. Et geet ee vun op d'mannst 420 Doudegen aus an iwwer 1'500 Mënsche solle blesséiert gi sinn. Knapp 140 Mënsche ginn nach vermësst an et muss een den Autoritéiten no dovun ausgoen, dass d'Zuel vun den Doudegen och nach weider klëmmt. (Stand Dënschdeg de Moien)

© AFP/AFP


Äerdrutsch no Ausbroch vu Vulkan

Elo ass et jo esou, dass d'Mënschen do net virgewarnt goufen, obwuel e Fréiwarnsystem existéiert. Mä do goufen et direkt e puer Problemer. An zwar gouf et während dem Zäitpunkt vum Tsunami schonn eng ongewéinlech staark Flut, déi eben d'Flutwellen nach verstäerkt huet. An dann ass et och esou, dass d'Alarmsystemer net ugeschloen hunn, well et ebe kee Warnsystem wéi en Äerdbiewe gouf. Ausgeléist gouf den Tsunami nämlech duerch en Ënnerwaasser-Äerdrutsch am Mier nom Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatau.



Tsunami duerch Vulkanausbroch ass éischter seelen

Wéi et vum Katastropheschutz heescht war déi Eruptioun och net besonnesch grouss. An deem Sënn hätt et keng gréisser seismologesch Vibratioune ginn, déi op en Tsunami higedeit hätten. Indonesien gëtt jo ëmmer erëm vun Tsunamie getraff. Dass dës duerch Vulkanausbréch ervirgeruff ginn ass awer éischter seelen. Den Tsunami ass esou iwwerraschend op direkt e puer Küstegebidder vun den Insele Java a Sumatra getraff. Honnerten Haiser laanscht d'Mierengt vu Sunda goufen zerstéiert oder schwéier beschiedegt.





Rettungsaarbechte si schwiereg

Mä d'Rettungsaarbechte bleiwe weider relativ schwéier. Vill Stroosse sinn duerch Beem, déi ëmgefall sinn, duerch Deeler vun Haiser oder duerch Autoen, déi vum Waasser matgerappt goufe blockéiert. Deemno wieren och nach net all Affer gebuergen. Op Videoen ass ze gesinn, wéi ganz Hütte vun der Küst a Richtung Banneland gedréckt goufen.





Eréischt Enn September waren op der indonesescher Insel Sulawesi iwwer 2'000 Mëschen ëm d'Liewe komm. Besonnesch schlëmm war den Tsunami vun 2004. Deemools ware ronn 220'000 Mënschen ëm d'Liewe komm. 168'000 eleng an Indonesien.