
© Screenshot Instagram / https://www.instagram.com/p/BrkqwhnlNjR/
Fir d'lescht hat de Banksy mat senger Schredder-Aktioun op sech opmierksam gemaach. Dës Woch ass en neit Konschtwierk vun anonymmen Streetart-Kënschtler opgetaucht, dat an der Stad Port Talbot zu Wales a Groussbritannien op enger Mauer.
Wat ufanks ewéi e friddleche Setting passend zu Chrëschtdag ausgesäit, stellt sech séier als gesellschaftskritesch Duerstellung eraus. De Banksy huet e kuerze Video vu sengem Wierk op sengem Instagram-Account gepost:
Op der enger Säit gesäit een e Jong, dee versicht, mat senger Zong eng Schnéiflack ze fänken. Ze erkennen ass och e Schlitt an et leeft typesch Chrëschtdagsmusek - sou den éischten Androck vum Bild. Kuckt een awer ëm den Eck vun der Mauer, gëtt engem bewosst, datt et sech net ëm Schnéi, mee ëm Äschen aus engem brennende Container handelt.
D'Stad Port Talbot ass fir hir Stolindustrie bekannt, eent vun de gréisste Stolwierker a Groussbritannien ass do ze fannen. De Banksy spillt also domat op d'Ëmweltverschmotzung un.
Kommentéiert ass de Post mat "Season's Greetings", wat esou vill wéi "Schéi Chrëschtdeeg" bedeit - wien de Banksy kennt weess, dass dat net esou wiertlech ze verstoen ass. De Stroossekënschtler notzt seng Wierker dacks fir op d'Mëssstänn an eiser Gesellschaft opmierksam ze maachen: Krich, sozial Konflikter oder iwwerdriwwent Konsumverhalen.