NewsItalienesche Senat hëlt Budget fir 2019 un

Den italienesche Senat huet an der Nuecht op e Sonndeg den ëmstriddene Budget fir d'nächst Joer guttgeheescht.

Leschten Update: 23.12.2018, 11:39:41

© AFP/Archiv/PHILIPPE HUGUEN

Di italienesch Regierung huet an der Nuecht op Sonndeg de Budget fir 2019 ugeholl, dat no wochelaangen Diskussioune mat der Europäescher Unioun. Wéi d'Noriichtenagence AFP mellt, sollen elo déi Ännerunge virgeholl gi sinn, wéinst deenen d'EU de Budgetsentworf refuséiert hat.

De Gesetzestext gouf elo esou ugepasst, datt Italien net mat enger Strofprozedur rechne muss. D'EU hat den Entworf refuséiert, well d'Neiverschëldung vum Memberstaat ze héich war an dëst géint d'EU-Richtlinne gaange wier.

No Chrëschtdag soll d'Parlament de Budget dann nach guttheeschen.

© AFP/Thorsten EBERDING