
© Eldo
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg sinn Onbekannter tëscht 01:00 a 06:30 an der Béiwenerstrooss zu Noutem an e Restaurant agebrach, esou d’Police.
D’Täter solle mat engem Liwwerwon respektiv enger Camionnette en 300kg schwéiere Geldcontainer geklaut hunn.
De Restaurant befënnt sech an der Kräizung Schumann a Richtung Pommerlach. Weider schreift d’Police, datt et bei der N15 sech em eng villbefuere Strooss handelt a sou eventuell opmierksam Zeien Onreegelméissegkeete matkrut hunn.
All Informatioun ass fir d’Policekommissariat Ardennes ënnert der Nummer (+325) 24489-1000.