
© NICHOLAS KAMM / AFP
Besonnesch vill fir de Bilan hat hie firun de Walen am November dës Joer gemaach. Dat waren déi sougenannten "Midterms". Um 5. November huet hien der "Washington Post" no 139 Onwourechten erzielt, also all 10. Minutt eng.
Fir d'Fakten ze préiwen huet d'Zeitung 4 Kategorien. Allerdéngs hunn se fir den Trump hir Skala souguer weider ausgebaut. Deemno géing hien an dëser neier a stäerkster Kategorie zimlech schlecht ofschneiden.
Säin eemolege Spriecher Sean Spicer huet seng sougenannten "Technik" erkläert. Wéi et heescht géing den Trump selwer dës als eng "iwwerdriwwen Iwwerdreiwung" nennen, op englesch "exaggerated hyperbole". Donieft sot de Spicer, datt hien e Verkeefertyp ass.