NewsWarnung virun Héichwaasser gouf nees annuléiert

Wéi et vun der Zentral fir Héichwaasserviraussoen heescht, bestoung e Sonndeg an e Méindeg d'Gefor vu liichten Iwwerschwemmungen.

Leschten Update: 24.12.2018, 13:03:40

© Pixabay

Dëst ebe wéinst dem ville Reen an de leschten Deeg, déi duerch de gesättegte Buedem d'Peegele vun de Gewässer wuesse géife loossen.

De Méindeg am spéide Moie koum d'Entwarnung, datt et de Previsiounen no jo nees méi dréche gëtt an domat ginn da viraussiichtlech och d'Peegelen erëm zeréck goe wäerten.