NewsPetitioun géint Klappjuegd muss diskutéiert ginn

Iwwer 4'500 Ënnerschrëfte krut d'Petitioun géint d'Klappjuegd bannent net emol 4 Deeg. Domat muss déi elo an der Chamber diskutéiert ginn.

Leschten Update: 24.12.2018, 07:22:40

© SEBASTIEN BOZON / AFP

Zanter dem 20. Dezember, also zanter 4 Deeg ass d'Petitioun Nummer 1'156 um Site vun der Chamber fräigeschalt. Elo huet dës déi néideg Unzuel vu 4'500 Ënnerschrëften iwwerschratt a muss domat an der Chamber diskutéiert ginn.

Dës Petitioun setzt sech fir e Verbuet vun der Klappjuegd an. Dëst mam Argument, dass déi Method net méi zäitgeméiss wier, dass et Déierequälerei wier an iwwerdeems och geféierlech fir de Mënsch wier.
Als Beispill nennt de Petitionnaire ënner anerem den Tëschefall vum 23. November nodeems eng ganz Rëtsch Wëllschwäi während enger Klappjuegd op d'A7 gelaf waren.

Nach bis den 31. Januar kann dës Petitioun an nach 16 anerer ënnerschriwwe ginn.

Links