NewsEU exportéiert 315 Millioune Liter Cremant

2017 huet d'EU am Verglach zu den Importer ronn dat 46-facht u Schampes, Cremant oder Ähnlechem exportéiert.

Leschten Update: 24.12.2018, 09:24:16

© Pixabay

315 Millioune Liter Schampes, Cremant oder Ähnleches huet d'EU d'lescht Joer no baussen exportéiert, dëst schreift Eurostat via Twitter kuerz viru Silvester.

De Gros ass dobäi an d'USA gaangen. Dogéint goufen nëmme 7 Millioune Liter an deem selwechten Zäitraum importéiert. Dat virun allem aus Australien an duerno Südafrika.

Haapt-Exportateur an der EU ass Italien