NewsCahen äntwert Kartheiser a Saachen Intersexualitéit

An enger parlamentarescher Fro hat den Deputéierte Fernand Kartheiser d'Fro nom Sënn an Zweck vun enger Campagne iwwer Intersexualitéit gestallt.

Leschten Update: 24.12.2018, 10:52:40

© Gouvernement YouTube

Jiddereen huet zu Lëtzebuerg dat selwecht Recht op Informatioun an Opklärung. Dëst äntwert d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen op eng parlamentaresch Fro zur Opklärung a Saachen Intergeschlechtlechkeet. Deen hat nämlech d'Fro gestallt, ob mat enger Broschür, déi eben iwwer d'Situatioun soll opklären net propagandistesch Zwecker op Staatskäschte géife bedriwwe ginn. Dat well d'Zuel vun intersexuelle Bëbeeën dem Deputéierten no relativ kleng wier.

Vun der Ministesch war et deemno d'Äntwert, dass de Fernand Kartheiser eng falsch Konzeptioun vun der Thematik hätt. Et géif vill Opklärungsbedarf beim Thema „Intersexualitéit“ ginn an dofir wier dës Broschür am Kader vun enger Opklärungscampagne ebe geduecht.

Weider huet d'Ministesch nach kloer gemaach, dass de Vocabulaire, deen den Deputéierten a senger Fro benotzt huet inakzeptabel an diskriminatoresch wier.



Links