NewsIwwerfall, Fahrerflucht an Alkohol um Steier

Kuerz viru Chrëschtdag huet d'Police misste wéinst ënnerschiddlechen Tëschefäll op e puer Plazen am Land geruff ginn.

Leschten Update: 24.12.2018, 15:07:14

© Eldoradio

Versichten Abroch zu Iwwersiren:
Den 20. Dezember sinn 3 Abriecher vun der Police gepëtzt ginn, wéi si versicht haten, an en Haus zu Iwwersiren anzebriechen. Déi 3 waren der Police schonn am Virfeld opgefall, well si mat hirem Auto duerch verschidde Quartieren an Dierfer gefuer waren.

D'Police schreift, datt dës Festnamen am Kader vu rezenten Abréch am Raum Sennengerbierg, Nidderaanwen a Sandweiler gemaach gi sinn. Ob dës Abriecher fir weider Abréch responsabel sinn, gouf net gesot. Déi 3 presuméiert Täter si virun den Untersuchungsriichter komm.

Iwwerfall zu Esch:
De nämmlechten Owend hunn dann zwee Männer zu Esch eng Fra iwwerfall, dat op der Héicht vun enger Autosgarage an der Rue Jos Kieffer. Géint 19.00 Auer hunn si d'Affer iwwerfall a mat engem Messer menacéiert. D'Fra huet hinnen doropshin hir Posch, hiren Handy an hir Bijoue ginn. D'Police sicht elo no dësen zwee Männer.

Alle béid si vu normaler Statur, ongeféier 1m70 grouss, däischter ugedoen, hu Franséisch geschwat a wieren der Police no "von gemischter Hautfarbe". Deen een ass ëm déi 30 Joer al an huet e Baart, deen aneren ass dann 20 Joer al. All Informatioun ass fir d'Police vun Esch. D'Nummer ei ass den 4997-5500.

Fahrerflucht zu Esch:
Den 23. Dezember hat sech dann ee Chauffer zu Esch no engem Accident duerch d'Bascht gemaach. Op der Kräizung Bvd. Charles de Gaulle an der Rue de Belvaux war et der Police no zu engem Accident mat Materialschued komm.

Déi gesichte Persoun konnt no kuerzer Sich bei sech Doheem ugetraff ginn. Den Alkoholtest war iwwerdeems positiv an de Führerschäi gouf agezunn. D'Police huet dann och e Protokoll ausgestallt.

Accident tëscht Housen a Maarnech:
Géint 20.20 Auer och den 23. Dezember war en Automobilist vun Housen a Richtung Maarnech an enger Rietskéier vun der Strooss ofkomm, d'Gefier hat sech doropshin iwwerschloen. Chauffer a Bäifuerer goufen net blesséiert a konnte sech selwer aus dem Auto befreien. 

Ze déif an d'Glas gekuckt zu Bieles:
An der Nuecht vum 24. Dezember war eng Automobilistin an der Rue de France zu Bieles mat hirem Auto e puer Mol géint eng Mauer geknuppt. Wéi d'Police bis op der Plaz war, hunn d'Beamte misste feststellen, datt d'Fra wéi och d'Bäifuererin ënnert Alkoholafloss stoungen.

Well d'Automobilistin keen Alkoholtest maache wollt, hu si misste mat op de Policebüro. Der Police no hu béid Fraen um Büro dunn ugefaange mat Randaléieren a solle mat Still ëm sech geheit hunn. D'Frae koumen an Arrest an d'Automobilistin huet missten hire Führerschäin ofginn.