
© AFP/GIOVANNI ISOLINO
De Vulkan Ätna op Sizilien ass no iwwert engem Joer e Méindeg nees ausgebrach. Wéi d'Noriichtenagence AFP schreift, hätten Experten d'Situatioun als net geféierlech agestuuft.
D'Institut fir Geophysik a Vulkanologie an Italien huet méi wéi 130 Äerdstéiss mat Stäerkte vu bis zu 4,0 an der Regioun gezielt. De Fluchverkéier ass duerch eng schlecht Siicht duerch den Ausstouss vun Äschen de Moment begrenzt.
Den Ätna ass mat enger Héicht vun 3.300 Meter dee gréissten an aktiivste Vulkan an Europa. Fir d'lescht war en am Joer 2017 ausgebrach, dee leschte groussen Ausbroch war da virun 10 Joer.