News11.000 Mënsche ginn an Däitschland vermësst

Dëse Chiffer geet aus neie Statistike vum Bundeskriminalamt zu Wiesbaden ervir. 7.000 dovunner solle Mannerjäreger sinn.

Leschten Update: 25.12.2018, 10:04:41

© dpa/AFP/Archiv/Jens Büttner

Ronn d'Halschent vun de vermësste Mannerjärege sinn no den Aussoe vum Bundeskriminalamt (BKA) jonk Flüchtlingen, déi ouni Begleedung ënnerwee sinn. Op den 1. Oktober 2018 gekuckt, waren et net manner ewéi 3.500 vermësst Flüchtlingen, dorënner 902 ënner 13 Joer.

Hei wier et awer schwéier ze soen, ob d'Zuel net awer méi héich kéint sinn: Dacks feele Pobeieren oder Flüchtlinge si wéinst verschiddene Schreifweise vun hiren Nimm méi dacks registréiert ginn.

D'Gesamtzuel vun de vermësste Persoune geet op Fäll zeréck, déi bannent e puer Deeg opgekläert waren, ma och op Persounen, déi schonn zënter 30 Joer Joer als vermësst gëllen. Weider heescht et vum BKA, datt 50% vun de Fäll bannent enger Woch gekläert sinn, 80% bannent engem Mount.