NewsMarkus Söder (CSU) besteet weider op Grenzkontrollen

Dem bayresche Ministerpresident no solle bannent der EU weider Grenzkontrolle gemaach ginn. Him no hätten d'Kontrollen eng positiv Wierkung.

Leschten Update: 25.12.2018, 10:48:49

© AFP/Jure Makovec

D'EU-Kommissiounen, dorënner virun allem den EU-Innekommissär Dimitris Avramopoulos, fuerdert en Enn vun de Grenzkontrollen am Schengen-Raum. Ma de Ministerpresident vu Bayern an Däitschland, de Markus Söder, ass do anerer Meenung. Him no wier Europa op engem gudde Wee, wat de Schutz vun de Baussegrenzen ugeet - et wier een awer nach laang net um Zil, sou de Söder an engem Interview mat der Funke Mediengruppe.

"Sou laang, d'Baussegrenzen nach net esou geschützt sinn, wéi et noutwenneg wier, maachen national Grenzkontrolle weider Sënn", esou de Ministerpresident weider. D'Grenzen hätten iwwerdeems eng positiv Wierkung a géife vun der Bevëlkerung och akzeptéiert ginn, esou de Söder weider.

Déi 26 Länner vum Schengen-Raum wëllen eigentlech ënnerteneen op esou Kontrolle verzichten. Ausname ginn et bei reelle Menacë fir d'bannescht Sécherheet. Zënter der Flüchtlingskris am Joer 2015 féieren eng Partie EU-Länner nees Grenzkontrollen duerch.