NewsAbroch zu Mamer, Abriecher geflücht

An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg gouf zu Mamer an en Haus agebrach.

Leschten Update: 25.12.2018, 18:36:30

© Police

Zu engem Abroch koum et um Dënschden an der Nuecht zu Mamer.

D'Police war séier op der Plaz. De Beamten ass direkt eng oppe Fënster opgefall. D'Sich am Haus selwer war negativ, bis op ee Rucksak mat geklaute Géigestänn konnt näischt fonnt ginn.

Déi ganz Ëmgéigend gouf ofgesicht. An der Kielener Strooss war dunn ee Verdächtegen opgefall, deen an der Däischtert duerch d'Gäert geflücht ass. Bei der Persoun handelt et sech ëm ee jonke Mann mat schwaarze krauselegen Hoer, en hat eng gréng Jackett un souwéi eng schwaarz Joggingsbox. Et schätzt een de Mann em déi 19 Joer. 

Wien eppes weess, soll sech bei der Police mellen.